An de leschte Joren huet sech d’Situatioun am Garer Quartier verschlechtert. Et ass kaum nach méiglech duerch de Quartier ze goen ouni engem Taliban ze begéinen. De Réckzuch vun den Asazkräften duerch de Joe Kox huet d’Situatioun am kleng-Afghanistan verschlechtert. Scho bei senge Virgänger goung et net besser. Elo hunn d’Taliban de Garer Kiosk am kleng-Afghanistan ageholl.
“Et ass net un eis an engem Krich ze kämpfe wou d’Awunner selwer net gewollt sinn en ze kämpfen.”
Joe Kox (Minister fir bannenzeg Sécherheet)
D’Präsidentin vu kleng-Afghanistan, d’Lydie Pudder, huet bis ewell selwer net wëlles hiert Land am Stach ze loossen. Allerdéngs ginn och hier d’Mëttelen aus. Elo wou een net méi kann op de Joe Kox hoffen, fäert si datt hier Privatarméi geschwënn kéint vun den Taliban iwwerrannt ginn. Eng Angscht déi vun den Awunner gedeelt gëtt.
“Ech hunn no hëllef gefrot mee si hunn eis trotzdeem am Stach gelooss. Wann dat esou weidergeet dann ass geschwënn och d’Patisserie Ënnerweis ënnert hirer Kontroll.”
Lydie Pudder (Präsidentin kleng-Afghanistan)
Et ass also nach net ganz kloer ob a wei laang et géing dauere bis datt d’Taliban de Garer Quartier komplett ageholl hunn, mee ouni Ënnerstëtzung vum Joe Kox gesäit een “schwaarz” fir d’Residenten. Déi trauen sech schonn net méi virun d’Dier a fäerten no engem Interview vun den Taliban verfolleg ze ginn. Ofwaarden an Assam-Téi drénken heescht et elo. Wee weess villäicht gëtt et jo eng friddlech Léisung mat Handelsaccorde fir déi nei zukünfteg Regierung am kleng-Afghanistan.