Wichteg Pressematdeelung vun der Partei d’PARTEI:
Léif Press,
Et ass e ganz trauregen Dag fir d‘Demokratie. Facebook huet decidéiert d‘PARTEI-Säit an alleguerten d‘Administratore vun hirer Plattform ze spären. D‘Begrennung läit ons bis dato net fir allerdéngs gi mir dovunner aus dass de rassisteschen Algorithmus alt nees net an der Lag war Lëtzebuergesch ze verstoen.
Scheinbar war den Ausléiser eng Veranstaltung zu enger Géigendemo géint Maskeverweigerer a Qanon-Unhänger, déi iwwregens Samschdes de 7.11 um 15:00 op der Place Guillaume II statt wäert fannen.
Domadder stellt Facebook sech ganz kloer zu der Säit vun de Schwurbler. Mir recommandéiere scho méi laang zu Alternative wei „Twitter“ oder „mastodon.lu“ ze gräifen. Op béide Säite si mir weider ze erreechen. Facebook wëll sech jo souwisou net un DSGVO/GDPR halen, sou mat ruffe mir op zu:
- Ophale Facebook ze benotzen an zu Twitter oder mastodon.lu ze wiesselen
- Op d‘Demo kommen de 7.11 um 15:00 op der Place Guillaume II