Gänse mat Migratiounshannergrond

An de leschte Wochen ass der Administratioun opgefall datt ëmmer méi auslännesch Aarte bei eise Flëss hausen. Leider ass et net onbekannt datt des Genossen sech kind-of illegal hei ophalen.

“Nils” d’Nilgäns zu Réimech ( by S. Hermann & F. Richter)

Sou flott wéi d’Aartevillfalt ass, kann et desastréis Konsequenzen hunn wann eng auslännesch Rass vu Genossen net an hirer Heemecht ëmzitt. D’Nilgäns schafft net, se mécht Dreck a schwätzt mol net eis Sprooch…

“Si huelen eis Aarbecht ewech!”

Joss gans (2020)

Wat kann ee géint esou eng Usiidlung vu Genosse maachen? Mir hu keng Anung, mä eppes ass sécher; Et gëtt sécher een “fucking Expert” deen et weess.

Bis datt d’Administration des Oiseaux et autres Volatiles weess wat ee maache kann, soll een, wann een esou eng Nilgäns gesäit, d’Déiereschrott Organisatioun “Give Us A Brain” kontaktéieren. Si këmmeren sech schonn dorëms.

“Di auslännesch Gänsen do… Si schaffen näischt!”

Jang blann (2020)

Affaire à suivre.

Vielleicht gefällt dir auch

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.