De Marc Nårgel gouf ferm attackéiert mat dank Memessen. Plainten, Blockéierungen a Reports fléien duerch d’Géigend. Zanter dem Artikel 13/15 wou hie jo mat sengem Kabarettisteveräin d’Pilaten dogéint war ass den Här Nårgel net méi esou ganz frou iwwer Memessen.
“Memesse si just an der Réi esou laang se mech net kritiséieren.”
Marc Nårgel – op der #SAVEYOURINTERNET Demo
Et ass verständlech dass hie wollt viru senger Mamm geheim halen dass hie kifft, schliisslech huet seng Mamm mat allem Recht, net nëmme wat dat béist Kiffen ugeet mee och dass de 5G déi wuel gréisste Verschwierung op der Welt ass. Si hellt ëmmer hire Bouf a Schutz, ouni si wier den Här Nårgel scho bal verluer. Dass elo massenhaft Memessen iwwert hie geläscht ginn ass also normal. An all gudder Demokratie wou et e Recht op fräi Expressioun gëtt, kann et jo net sinn dass de Geck mat Politiker gemaach gëtt. Besonnesch mat Donnéeën déi ëffentlech zougänglech sinn.
“Ech schumme mech wierklech, an ech hoffen dass mir dat net méi geschitt.”
memes.which.are.stolen – am Interview
“Ech hätt dat net sollte maachen, wat fält mir och an d’Politik ze kritiséieren.”, esou den Admin vu memes.which.are.stolen op Instagram. “Mir hunn si jo gewielt also kennen si jo wuel kaum esou schlecht sinn. Ech hätt mer och net geduecht dass grad en ADR-Sympathisant esou kéint reagéieren.”
Den Admin scheingt also säi Feeler agesinn ze hunn an dennach gouf de Meme gemellt a geläscht. Esou ass numol d’Expressiounsfräiheet, et duerf ee just dat wat de Führer Marc Nårgel zum Sieg féiert. Mir alleguerte mussen agesinn dass dat, a nëmmen dat och de richtege Wee ass zu de Pilaten hirem Endsieg.
Genau esou ass et och mat net gewielte Vertrieder, esou huet zum Beispill d’Marie-Jeanne Hummeldinger och schonn engem deemolege Pilatemember mat enger Plainte gedréit wéinst engem Memess dee just intern verschéckt ginn ass. Zu guddem Recht, well wann da sollt de Memess och de Geck mat hier maachen an net mat deem wou de Memess erstallt huet.

Alles an allem schéngt et wei wann mer endlech duerch dem Marc Nårgel seng alternativ Führung fir Lëtzebuerg endlech kennen a Rou schlofen, ouni Memessen iwwert déi aarm Politiker.

Sieg Heil, Här Nårgel!
Lang lebe der neue Führer!