De Coronavirus geet schonn zanter laangem em, a vill Leit wëssen dass et kee Wonnermëttel gëtt wat net ënner Kritik steet. Mee de Jeff Cigrand, President vun der Partei d’PARTEI huet sech enger vun dëse Léisungen ugeholl.
“Ech kann dem Bill Gates nëmme Merci soen, an dem Här Soros fir d’Finanzéierung.”
Jeff Cigrand – President vun der Partei d’PARTEI
Zesumme mam Bill Gates huet en sech en Implantat setze gelooss wat en net nëmmen duerch Nanotechnologie virum Virus schützt mee och mat enger Luucht uweist op en infizéiert ass oder net. Eng Technologie déi entwéckelt gouf vum Bill Gates a finanzéiert vum George Soros.
“This chip will save humanity from the Virus.”
Bill Gates – Räische Pensionär
Et dauert net méi laang bis dass jiddereen esou ee Chip soll kréien, nieft de Funktiounen déi virum Virus schützen erlaabt et och d’Geolokalisatioun vun den eenzele Leit, dëst ass natierlech ganz am Interêt vum Gesondheetsministère.
“Laang hu mer nogeduecht iwwert eng App, mee esou ee Chip ass vill méi “handlech”.”
Paulette Lemming – Gesondheetsministesch
Den Här Cigrand huet och direkt Fotoe vu sengen 2 neie Chip Implantater an e Video an de Kommentare gepost, e schéngt Frou doriwwer ze sinn endlech virum Virus sécher ze sinn.