Lydie Pudder huet gäre Lost Places, an dofir baut Si méi Haiser déi da kennen eidel stoen. Lost Places méi sécher maachen, dat ass hire Plang.
Ëmmer wann ech ob Lost Places ginn hunn ech Angscht dass mer eppes kéint geschéien, dofir bauen ech elo meng eege Lost Places.
Lydie Pudder – Buergermeeschtesch Stad Lëtzebuerg.
Si erzielt dovunner wei onsécher déi méi al Gebaier sinn an dass Si schonn eng kéier e benotzte Präservativum gesinn hätt wat Sie zu déifst schockéiert hätt. Mat dëser Virstellung well d’Madamm Pudder elo mat enger propperer a vun der Stad Lëtzebuerg gefleegter Platz eng Alternativ ubidden. Dëst soll de Projet “quartier du stade” sinn. Nei Haiser, komplett eidel a kee kann do wunnen. Fir dat ze erméigleche wäerten d’Loyeren einfach onnéideg héisch gehale ginn, sou dass een et sech einfach net leeschte kann.
Dass et awer schonn uechtert Stad eidel Gebaier ginn déi deen Zweck erfëllen, schéngt Si net ze steieren. Et misst een och mol rëm Neies kenne kucke goen, Si hätt elo schonn alles gesinn.
Duerf ech dann do dran Iwwernuechten?
Patrick Hanfblatt – Obdachlosen
Et wier net gestatt doranner ze campéieren, esou d’Madamm Pudder, et soll jo e Lost Place ginn an net eng tatsächlech Communautéit. Virum ABRIGADO kéint ee jo en Zelt opschloen.
Et ass onzoumuttbar, Jonker, Obdachloser a sozial Benoodelegter kennen sech net méi leeschten zu Lëtzebuerg ze wunnen.
Florian Holtgen – Generalsekretär d’PARTEI
De Florian Holtgen schwätzt am Numm vun der PARTEI iwwert d’Problematik vun der Wunnsituatioun. Et wier der PARTEI extrem opfälleg wei wéineg deene gehollef gëtt déi et néideg hunn. Och géif een déi Leit forcéieren an d’Ausland wunnen ze goe wat do zu anere Problemer ob hirem lokalen Niveau géing feieren. Der PARTEI no géingen an der Grenzregioun besonnesch am Raum Treier de Loyer doduerch erop goen, esou dass et just zu enger Verlagerung vum Problem kennt, mee net zu enger permanenter Léisung. Et wier also net gutt dauernd nei ze baue wat herno eidel steet, mee emol ze kucke wei een déi momentan eidel Haiser kéint un déi Leit bréngen déi et brauchen. D’PARTEI ass der Meenung dass e gedeckelte Loyer hëllefräich wier an ee misst emol géint Immobiliëspekulatioun virgoen.
Mee dann hunn ech keng Sue méi fir Reklammen ze maachen.
Brudder Daniel – De Muppert bei de “Pilaten”
De Brudder Daniel, ass doriwwer net frou, well laut senger Ausso et soss derzou feiert dass hien net méi kann am Luxus schwelgen a fir 30’000€ ka Reklamme schalten. Et wier jo net säi Problem dass anerer kee Geld hunn. Am gläichen Otemzuch schwätzt en vum 10€ de Quadratmeter, mee ob direkt Nofro hin verneint hien dass et machbar wier. Iergendeppes mat Gesetzer mengt hien. Mee aktiv des regulativ Gesetzer déi de Loyer Reegele sollen, well hien net uschwätzen. “Wann d’Leit spatz kréie géife wei dat machbar wier dann hätt ech jo manner fir Reklamm ze maachen.”
Et bleift also ze hoffen ob et jeemools wäert erëm méiglech sinn zu Lëtzebuerg ze wunnen.